test
test
1961 hunn sech e puer faszinéiert Waasserskifuerer zesummegedoen an de „Club Nautique du Luxembourg“ zu Bech-Maacher gegrënnt. Haut zielt eise Club ëm di 150 Memberen. Vu klasseschem Waasserski oder Monoski bis zu Barefoot, Wakeboard an Wakesurfing kann e bei eis verschidden Waassersportarten ausprobéieren. Zesummen mam SNJ a verschiddene Jugendhaiser erméiglecht eise Club all Joër verschiddene Jugendlechen de Waassersport kennenzeléiren. Dobai ass eist Boot iwwer 500 Stonnen am Asaatz. Och aner Club’en oder Associatiounen kenne vum Site vum CNL profitéieren fir e flotten Dag mat verschiddenen Waassersportsaktivitéiten, Grillen a vill Spaass a ze erliewen.

test
E Samschden, 29. Abrëll ass et endlech rëm sou wäit an Saison 2023 kann no deem naassen Mäerz an Abrëll sou richteg starten. Éier mir awer rëm déi flott Deeg an Owender zesummen um Site verbrénge kënnen, muss de Site erëm op Héichglanz poléiert gi. De Wuess muss geméint, Clubsbuud entrümpelt a gebotzt, de Ponton an Waasser geluecht, Waassersportsmaterial vum Späicher erofbruecht …