E Samschden, 29. Abrëll ass et endlech rëm sou wäit an Saison 2023 kann no deem naassen Mäerz an Abrëll sou richteg starten. Éier mir awer rëm déi flott Deeg an Owender zesummen um Site verbrénge kënnen, muss de Site erëm op Héichglanz poléiert gi. De Wuess muss geméint, Clubsbuud entrümpelt a gebotzt, de Ponton an Waasser geluecht, Waassersportsmaterial vum Späicher erofbruecht gi, a villes méi. Ausserdeem gëtt deen Dag eist Boot an Waasser gezappt. Dofir brauchen mir souvill wéi méiglech Hänn déi eis hëllefen kommen fir dass alles prett ass.
Dofir treffen mir eis alleguer ab 10 Auer um Site vum CNL zu Bech-Maacher.